Home
News
De klenge Käfer Ëmmerfrech
2013-05-23Den 22. an 23. Mee han d'Kanner aus dëm Cycle 1 van dër Villa Reebou d'Theatrestéck "De klenge Käfer Ëmmerfrech" mat vill Begeesterung opgefouërt.
We wëllt ee klengen Abléck an d'Performance van de Kanner kreiën kann sich déi folgend Photoën aakucken.
Vill Spaass dobäi!

Präisiwerreechung vam Raiffeisemoolconcours
2013-05-18Am Kader vam Raiffeisemoolconcours gouf viraa kurzem d'Präisiwerreechung am Kispelt aafgehaal. Nodems dën Präsident vam Comité van dër Wëntger Kees paar passend Wiärder fir d'Kanner fond hat kruuten all d'Kanner d'Präisser an hirer Alterskategorie iwerreecht. Mat engem Patt an engem Häppchen gouf déi sympatisch Feierstonn dono aafgeschloss.
Am Anhang fand dër eng Reih Fotoën van dëser Feierstonn.
Internetsëcherheet a Facebook
2013-05-18Am Kader vam Eveil - Unterricht haat dë Cycle 3 aus dër Schoul "Um Kiemel" dën Theam Facebook an Internet-Sëcherheet iwer 6 Wochen behandelt. Als Aafschloss van dësem Theam haaten d'Kanner an d'Léierpersonal aus dëm Cycle 3 hir Frënn an d'Eltren op een Owend invitéiërt, wou sie alle Legden weise konnten waat sie am Beräich Internet an Internetsëcherheet bäigeléiërt haaten.
Op villen verschiddenen Themendëscher kruuten déi intresséiërt Nolauschtrer op kandgerecht Art a Weis erklärt wéi eng Gefooren am Internet lauren, wéi een d'Homepage van dër Wëntger Schoul ka beschaffen, wéi een op Facebook ka matenee kommunizéiren, ...
Fir ze kucken op d'Beséicher o alles richtig verstann haaten han d'Kanner daat Geléiërt mëttels Quiz, Memory a Froën iwerpréiwt.
Am folgende Link fand dër Photoën zu dësem Evenement.
Soirée française vam Cycle 4.2.
2013-05-18Am Kader van hirëm Projet "Ausfluch op Paräis" han d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. hir dësjährig "Soirée française" am Centre culturel zu Wëntger aafgehaal.
Um Menu stungen: Choucroûte royale, Spaghetti, Fësch a vill lecker Häppercher an Dessert'ën, déi allegaar van dë Kanner préparéiërt giä wooren.
Doniäwent han d'Kanner an dën Eess- an Drankpausen intressant Beiträg zu hirëm Reesziel Paräis gebuädden.
Sou goufe franséisch Ligder gesong, Virträg iwer Sehenswürdigkeeten zu Paräis aafgehaal, Theaterstécker a Sketcher opgefouërt, eng Billerstee organiséiërt,...; an dëst alles ënner dër Leedung van dë Kanner selwer.
Alles an allem woor ët een intressanten Owend mat kulinarischen Liichtblécker fir Grouss a Kleng, den besser hätt nët organiséiërt kënne sën. Mër free'ën äis lo well op d'Oplaag 2014 van dëser sympatischer a fir d'Kanner ganz valoriséirender Veranstaltung.
Am folgende Link Photoën, déi belee'ën waat alles gebuädde gouf! Gudden Appetit!
Glïchzäitig fand ër am 2. Link dann o Photoën van dër Carwashaktioun vam Cycle 4.2., déi o dozou bäidréit, dat d'Kanner hiren Ausfluch op Paraïs gréisstendeels aus eegener Täsch finanzéire kannen.

Schoulsportdaag, den 24. Mee 2013
2013-05-14Gläich ass ët rëm sou wäit. D'Editioun 2013 vam Schoulsportdaag steet rëm an d'Haus.
An dër Schoul um Kiemel hat sich de "Schoulsportdaaggrupp" vill Gedanken gemaat fir dee folgenden, aafwiässlungsräichen Programm op d'Been ze stellen.
Lo brauche mër de 24. Mee na just paar Sonnestrahlen an da kënne mër äis all op ee flotten Daag free'ën!

