Dënschdeg, 3. Dezember 2024

News


Renaturéirung van dër Spillplatz beim Foussballsterrain

2024-11-29

Wärend 2 Samschdeger ware vill Kanner, hier Elteren, t ‘Portieren, den Änder mat senger Equipe, den Naturpark Our an t ‘Léierpersonal aus der Schoul um Kiemel aktiv. Zesummen hu mir gegruewen, gehummert, geschlaff, geschëppt, geplanzt, Sand verdeelt, Schubbkare gefëllt an nach villes méi. Dëst fir d’Wiss vun der Spillplaz nieft dem Fussballterrain méi naturno an insektefrëndlich ze gestalten. D’Resultat kann sech wierklech weise lossen. Mir soen alle fläissegen Hänn een décken MERCI a freeën eis op t’Fréijoer, wann dës schéi Plaz ageweit gëtt an dann genotzt ka ginn. Kuckt Eech hei gären t’Fotoen un.

Den Naturgrupp aus der Schoul um Kiemel Wëntger





Neiës van der ELTRESCHOUL

2024-11-29

D'Eltreschoul informéiërt am folgende Flyer iwer hire Hiärest-Wanterprogramm!











Daag van de Kannerrechter / Journée des droits de l'enfant

2024-11-20

E Mëttwoch, den 20. November 2024 ass internationalen Dag vun de Kannerrechter. An dësem Kader han d‘Schoul an d‘Maison Relais dovan profitéiërt fir mat de Kanner een Zeechen ze setzen. All Kand hat sich hockt bloo aagedunn. An zesaamen ha mër dunn am Centre culturel eng Photo gemaat als symbolische Gest, dat mër als Schoul um Kiemel Wëntger hannert dëser Initiative stin. Blo ass d‘Faarf vun Unicef, déi punkto Kannerrechter eng zentral Roll spillen.


Le mercredi 20 novembre 2024 est la journée internationale des droits de l'enfant. L'école, tout comme la Maison Relais, ont fait un geste symbolique pour se manifester en prenant une photo de toute l'équipe de la Schoul um Kiemel Wëntger vêtie en bleu. Le bleu est la couleur de l'Unicef, qui joue un rôle central en matière de droits de l'enfant.


Méi Infoën zu dë Kannerrechter fand Dër ënner folgendem Lin.

Pour de plus amples infos concernant les droits de l'enfant, veuillez suivre le lien ci-dessous.

An dër Galerie fand dër all d'Gruppebiller. Dans la galerie vous trouvez toutes les photos.






Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot