News
De 15. Juni gouf am Gaard ze Boxer geschafft! Le 15 juin, le jardin a été aménagé à Boxhorn!
2024-06-17Vill Leit hunn sech am Gaard bei der Kirch ze Boxer zesummefonnt a de ganzen Dag fläisseg geschafft. No 10 Stonnen huet sech vill gedoen.
Beaucoup de gens se sont réunis ce samedi dans le jardin et après 10 heures de travail, un bel endroit a été conçu pour les enfants et le village.
Theateropféirungen a Schéckiwerreechung am Cycle 1
2024-06-10D’Kanner aus dem Bloumegäertchen an der Villa Reebou vu Wëntger stoungen dëst Joer am Fréijoer op der grousser Bühn an hu ganz stolz hir zwee Theaterstécker opgefouert.
D’Kanner aus dem Team vum Bloumegäertchen hunn am 2. Trimester verschidde Märercher entdeckt. Virun der Ouschtervakanz hu si d’Geschicht vum Wollef an der Welt vun der Märercher opgefouert. Queesch duerch d’Märercher huet de Wollef sich op d‘Sich vun den Zutaten fir di bescht Äppeltaart gemaach fir zesumme mat sengen neie Frënn engt Bëschfest ze feieren.
D’Kanner aus der Villa Reebou hunn zesumme selwer eng flott Geschicht vum Kapitän Mullebutz erfonnt, deen op der Sich nom Reebou war. De Kapitän a séng Matrousen hunn op hirer Rees och allerlee Aventuren erliewt bis si dunn endlech de Schatz op der Insel Lanzarote fonnt hunn.
Souwéi déi letzt Joren och, ass ët Traditioun, datt den Erléis un d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner geet. Dëst Joer sinn duerch déi 2 Theateropféierungen 2071 Euro gesammelt ginn. D’Fondatioun seet alle Bedeelegte een häerzleche Merci.
» Galerie
Multisportsdag Harel
2024-05-28An der Päischtvakanz war den Cycle 2-4 zu Harel op dem Multisportsdag.
Pendant les vacances de Pentecôte, le Cylce 2-4 était à Harlange sur la journée multisport.
!! Schlëssel fonnt !!
2024-05-24Mir hunn een Schlëssel op dem Schoulhaff fonnt. Dir kënnt den gäeren an der Maison Relais siche kommen.
On a trouvé une clé dans la cour de l'école. Il peut être récupéré à la Maison Relais.
Projet "Gaard" bei den Bëschkiddies / Projet "jardin" chez les Bëschkiddies
2024-05-24Den 13 Mee war de Startschoss fir eis Gaard. Kukt reegelméisseg eran fir Fotoen.
Le projet 'jardin' est lancé le 13 mai. Le site "Bëschkiddies"/activités contient fréquemment des photos.