Freideg, 11. Abrëll 2025

News


#!image(Schoulsportdag2004/sport1.jpg):Schoulsportdaag 2005#!image(Schoulsportdag2004/sport1.jpg):

2005-03-21

Wéi iwerall am Land, gët o zu Wëntger een Donnesdig, den 24.3.05 rëm deen traditionelle Schoulsportdaag aafgehaal.

Dobäi hat eisen dofir zoustännigen Organisatiounscomité keng Méi gescheit an hat ee ganz variéierten Programm fir déi eenzel Graaden op d'Bee gestalt!

D'1. Schouljoër därf niäwent Schwammen a verschiddene Sportatelier'ën o na Karate mam Tessy Scholtes maën.

D'2. Schouljoër geet niäwent verschiddenen Sportatelier'ën reiden.

Dë Mëttelgraad geet sich an de Sunpark op Vielsalm austoben.

D'5. Schouljoër wandert a gët an d'héich Konst vam "Golfen" ageweit, an d'6. Schouljoër mëcht eng flott Radtour.

Losse mër lo just hoffen, dat eisen Unterrichtsministère o dëst Joër rëm gudd Wiädder mat ageplangt hat, fir dat all eis Kanner no dësem groussen Evenement o gesond an d'Oustervakanz kanne fahren.



35. Intenationalen Raiffeisen Molconcours

2005-01-05



Un all eis kleng a grouss Kënschtler vun der Wëntger Schoul.
Och dëst Joër hu si d'Chance fir um internationeln Raiffeisen Molconcous deelzehuelen.
Mir wënschen de Kanner vill Spass a vill Gléck! Déi schéinste Biller kënnt dir dann och op eiser Homepage bewonnere kommen!



Die Lernwerkstatt ist angekommen!

2004-12-22


Léif Kollegen vum Wëntger Léierpersonal. Ech géif iech alleguerten am Numm vum Heng a mir matdeelen dass ab Haut all ons Computeren an der Schoul mat der Lernwerkstatt ausgerüst sinn! Mir wënschen iech an äre Kanner vill Spass domat!

Ausserdeem, géife mer iech an alleguerten eise Visiteuren schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joër wënschen!

Heng, Patrick a Francis




#!image(Freed um Liesen/p_erbmay.jpg):Journée pédagogique, den 16. Dezember 2004#!image(Freed um Liesen/p_paprotta.jpg):

2004-12-09

Am Kader vam Schoulprojet "Freed um Liesen" ass den 16.12. 2004 van 9.30 Auer -15.30 Auer eng "Journée pédagogique" vam Bibliosgrupp organiséiert giän.

D'Kanner sën dësen Daag schoulfräi, mee een "acceuil" fir déi Kanner, déi nët doheem kënne bleiwen, ass van 7.40 - 12.00 Auer organiséiert.

D'Léierpersonal aus dëm Préscolaire an aus dëm Ënnergrad krët bei Geleegenheet van dëser "Journée" Informatiounen zum Thema "Leseförderung an Leseerzéiung", ee Referat, dat van der Madame Ulrike Erb-May gehaal gët.

D'Titulairen aus dëm Mëttel- an Obergrad kreië vam Här Ralf Paprotta erzalt, wéi ee kreativ Schreiwaasätz fir d'Kanner schaaft.

P.s.: Wen méi iwert d'Ulrike Erb-May an dën Ralf Paprotta wëll gewaar giän, kann déi néidig Informatiounen an eisem Wiki "Freed um Liesen" ënner "Journée pédagogique" noliäsen.



Joëlle an Yves am Stage zu Wëntger#!image(_wiki_Projekte/Yves.jpg ):

2004-11-26

Ënnert dem Wiki - Projet "Projekte" hunn ech iech elo ee ganz interessante Link publizéiert. Dëse féiert iech direkt op eng ganz flott an interessant Homepage déi d'Joëlle Baulesch an de Yves Schlabertz no hirem Stage hei ze Wëntger erstallt hunn. Et lount sëch! Vill Spass beim Entdecken vun hiren Erliefnesser.




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot