News

De Film van dër Séance académique ass lo online
2024-10-28Wéi well méifach hei aagekënnigt, feiërt eis Schoul dëst Joer hire 50. Jubiläum. Fir d'Feierlichkeeten ze lancéiren woor de 27. September eng Séance académique.
Lo ass dë Film van dëser Séance académique online, an Dër kannt ën ënner dësem Link oproufen.
Vill Spaass beim Raluussen!

Cross van der Lasep zu Dikkrech
2024-10-22Hokt, den 22.Oktober waren 12 Kanner van den Cyclen 1-3 zu Dikkrech an han do um 38.nationalen Cross deel geholl. Eng Medaille konnte mir mat heem huallen an dest an der Kategorien van den Kanner, déi 2015 gebuer sen. D'Kanner haate vill Spaß op a nierft der Pist an han en imensen Ekippegeescht gewisen beim Ufeiren an beim Spillen viran a no de Coursen.
Resultater:
Joergang 2018:
10. Clees Rick (m)
29. Fernandes de Castro Texeira Henrique (m)
19. Boujouf Aya (w)
Joergang 2017:
8. Felten Leo (m)
28. Fernandes de Castro Texeira Leonardo (m)
Joergang 2015:
1. Schmit Noah (m)
9. Streveler Emil (m)
23. Hensen Claire (w)
Joergang 2014:
10. Winandy Jamie (m)
23. Van Lancker Marie (w)
Hei déi ganz Resultater:
» Galerie

Bëschkiddies: Projet „Konscht an der Natur“ / „l‘art dans la nature“. 14.10. - 25.10
2024-10-14Op eiser Internetsäit bei den Aktivitéiten fann Der regelmeissig Fotoen iwwert dese Projet.
Sur notre site internet chez les acitivités, vous trouverez régulièrement des photos de notre projet.

Bëschkiddies: De Kéisecker - le hérisson
2024-10-04Des Woch hat de Kéisecker eis e flott Buch matbruecht. Mer hu geléiert dat de Kéisecker virum Wanter vill iessen muss an dann wann et kaal gett e Nascht mat Blieder an Geäst sicht fir schlofen ze goen. Mer hunn him dunn e Nascht gebaut. Bei enger weiderer Aktivitéit hu mer den Kéisecker mat Blieder, Äst an Eechele bedeckt.
» Galerie

Happy Birthday Bëschkiddies
2024-09-30Den 27.9.24 huet Mini-Crèche „Bëschkiddies“ ze Boxer hiren 1.Gebuertsdag gefeiert!
Le 27 septembre 2024, la mini-crèche „Bëschkiddies“ de Boxhorn a fêté son premier anniversaire!
» Galerie