News
Schoulintern Versammlung vam Léierpersonal
2007-11-15Eis Versammlung ass de 16.11.2007 an der Buvette iwert dem Turnsall a nët wéi gewiännt am Centre culturel.
GENERALVERSAMMLUNG van der ELTEREVEREENIGUNG am Bartheshaus zu Houffelt
2007-10-22D'Eltereverenigung invitéiert op hir 17. Generalversammlung en Donnesdig,den 8. November 2007 um 20.00 Auer zu HOUFFELT AM BARTESHAUS.
De Programm van dësem Owend gesäit esou aus :
• Begréissung durch de Präsident
• Rapport van den Aktivitéiten
• Rapport van der Keess
• Rapport van de Keesserevisoren
• Deelweis Erneierung vam Komité
• Fräi Aussproch
• Scheckiwwerreechung / Don un "Ile aux Clowns" an "Spontan ADD"
Nom Réckbléck iwwert d'Joer 2006/2007
ass een interessante Virtrag iwwert
AD(H)S ass keng erfonten Moudekrankheet!
'SPONTAN ADD' gouf van Erwassenen gegrënt, déi selwer betraff sen.
Sie wëllen dénen, déi van dëser Krankheet betraff sen hir Ennerstëtzung an Hellef ubidden.
Zieler va "Spontan ADD":
- Informéieren iwwer AD(H)S
- Anerkennung van der Krankheet AD(H)S an eiser Gesellschaft
- Méi Interesse béi den Dokteren, Psychologen an Therapeuten erreechen, fir eng secher Diagnos stellen ze kannen
- Kontakt sichen zu aneren Selfhëllefgruppen am Ausland mat dem selwechten Ziel.
Kontakt: B.P. 5 L- 8001 Strassen Infotel.: 26 25 95 95 mail: help@adhs.lu
http://www.adhs.lu/spontan/index.php
CCPL: LU50 1111 2157 4012 0000
Zum Schluss invitéiert d'Eltereverenigung Iech op e Patt an e klenge Maufel.
Faustlos
2007-10-17Am Kader van engem Schoulprojet an de Klassen 1-3 han 12 Titulaires aus dem Ennergrad ee Samsdig, den 13.10. 2007 van 8 Auer bis 17 Auer bei enger Formatioun zum Thema Gewaltpräventioun matgemaat. D'Formatioun, déi vam Professor A. Stephan vam Gewaltpraeventiounszentrum Heidelberg aafgehaal gouf, ass baséiert op de Programm "Faustlos", ee Curriculum fir sozial-emotional Kompetenzen ze förderen fir sou der Gewalt virzebeugen. No engem theoretischen Deel an enger Pressekonferenz am Praebelli zu Woltz kruut all bedeeligt Schoulgebei eng Valis mam Arbichtsmaterial va "Faustlos" iwerreecht. Dono gouf da ganz praktisch a klenge Gruppen zu eenzelnen Unitéiten aus dem Curriculum geschafft; dëst mam Ziel fir all Bedeeligt optimal fir den Asatz vam Material an de Klassen virzebereeden. Mam Koffer ënner dem Aarm an neiën Iddiën am Kapp han dun all Bedeeligt den Heemwee owes um 5 Auer agetratt, fir demnächst daat Geléiert an de Klassen anzesetzen. Ee Merci dëm Paul Zenners fir d'Photoën, déi heen äis fir dës Säit zur Verfügung gestallt hat.
D'Béicherausstellung van der Eltrevereenigung ass op fir de Besuch
2007-10-10Een Dasdig, den 9. Oktober hat d'Eltrevereenigung invitéiert op d'Vernissage van hirer well traditioneller Béicherausstellung. Leider wore nët vill Erwaassen hirem Oprouf nokomm!
Vam 10.10. bis den 12.10. han allerdings vill Schoulklassen d'Ausstellung beséicht an hoffentlich lackelen d'Kanner hir Eltren lo o op Wëntger an de Centre culturel, wou een Donnesdig, Fregdig, Samsdig a Sonndig o Béicherverkoof bedriwe gët!
De wegdere Programm van der Eltrevereenigung gesäit sou aus!
E Mëttwoch, den 10. Oktober ëm 19.30 Auer -am Barteshaus zu Houffelt
Eis Lëtzebuerger Sprooch wou kënnt se hier, wuer geet se hin ? Eng Konferenz mat Autorenliesung vum Josy Braun
GROUSS BICHERAUSSTELLUNG ZU WËNTGER
VAM 10. BIS DEN 14. OKTOBER 2007
MATT SONNDES 14. OKTOBER 2007:
SPILLSACHENOKKASIOUNSMAART AN KAFFISSTUFF!!!
Generalversammlung van der E.v.
den Donneschden 8. November 2007 am Centre culturel zu Wëntger
Détailer fand der o na op hirem Wiki!
Aweihung van eiser neier Schwämm, dëm Haff an der Cogeneratiounsanlag
2007-10-09Ee Fregdig, den 5. 10. 07 gouf eis nei Schwämm, dën Haff an d'Cogeneratiounsanlag a Präsenz va vill Prominenz, ënnert hinnen eisen Innenminister an eise Gesondheetsminister, ageweiht.
Riädde goufe geschmettert an eis Klengst ha gedanzt a gesongen.
Hei lo mol paar Biller van dem Fest fir Grouss a Kleng!