News

Cycle 4 goes "Carwash" den 4. Mee 2013
2013-04-22Fir hir Ausflich iwert d'Joor matzefinanzéiren veranstalt de Cycle 4 de 4. Mee eng Carwash-Aktioun zu Wëntger beim Pomjeesbau!
Wäscht ären Auto déi nächst Zäit also lo nët méi, fir dat d'Kanner sou richtig eppes ze schaffen han!
Fir weider Déteiler kuckt w.e.g. d'Affiche hei drënner.


Neies um Kiemel
2013-04-22Am Kader vam Daag vam Bouch hat eise Bibliosgrupp sich dëst Joor eppes Besonnisches afälle geloss. All Team haat d'Méiglichkeet 4 Säiten als Beitrag zu enger gemeinsamer Zeitung anzereechen. De Bibliosgrupp hat all Beiträg gesammelt a mat dër frëndlicher finanzieller Ënnerstëtzung van dër Wëntger Gemeng gouf d'Zeitung dunn an dën Drock giän.
"Dën Dësch ass gedeckt" heescht dën Oprouf van dëm Unterrichtsministère am Kader vam Daag vam Bouch.
An hockt haat eise Bibliosgrupp dann lo effektiv dën Dësch gedeckt mat lauter Bäidreeg aus dër Welt van dër Literatur. Gläichzäitig gouf dann o dë Verkoof van eiser schouleegener Zeitung "Neiës um Kiemel" lancéiërt.
Photoën zu dësem Evenement kënn dër demnächst hei kucken!
Theaterspiel zur Unterstützung kranker Kinder
2013-04-06Folgenden Artikel konnte mër den 20.3. am Lëtzebuerger Wort liäsen:
Die Kinder aus dem „Bloumegärtchen“ „ des Cycle 1 der Schule Um Kiemel“ in Wintger hatten eine tolle Idee, um kranken Kindern zu helfen. Sie studierten mit ihren Lehrerinnen Tessy Berg, Tanja Schmit und Nadine Weicherding drei kleine Theaterstücke ein, die sie am ersten März in zwei Aufführungen im Wintger Kulturzentrum dem Publikum vorstellten. Dabei ernteten die 31 kleinen Künstler, die alle in die Rollen mit eingebunden waren, viel Lob mit ihren Stücken „Dräi Schwengercher“, „Rotkäppchen“ und „De Wollef a die 7 Geessen“, die von den Lehrerinnen umgeschrieben wurden. Der Eintritt war kostenlos, doch konnte jeder eine Spende zugunsten der „Fondation Kriibskrank Kanner“ entrichten. Zusätzlich wurden noch DVD’s der Aufführungen verkauft und vor kurzem konnten 1 200 Euro an die Vertreterin der Fondation, Denise Weimerskirch ausgehändigt werden. Sie dankte den Kindern und ihren Lehrerinnen für diese tolle Geste und erklärte den Kids anhand einer Geschichte und für die Kleinen gut verständlich, was es für ein Kind bedeutet, an Krebs zu erkranken. Die Kleinen hörten aufmerksam zu und dabei dachten sie an einen Schulfreund, der auch schwer erkrankt ist. Wer finanziell helfen will, darf gerne eine Spende auf folgendes Konto der „Fondation Kriibskrank Kanner“ tätigen: BIL IBAN LU17 0028 1408 4840 0000. Des Weiteren wird am 24. Mai der „Schoulsportsdag“ in Wintger stattfinden, an dem sich sämtliche Kinder der „Schoul um Kiemel“ beteiligen werden, der Erlös dieser Aktion ist ebenfalls für die „Fondation kriibskrank Kanner“ bestimmt.
Nicole Milbert
De «Stradivari Quartett» an dër "Schoul um Kiemel Wëntger" (VIDEO ONLINE)
2013-03-16Am Lëtzebuerger Wort vam 16.3. 2013 schreiwt d'Madame Hilda van Heel folgend Sätz a Bezug op dë Stradivari-Quartett:
"Les horizons créatifs de l’imaginaire
Ce sont souvent les ensembles jeunes qui apportent la découverte,
qui font renaître la magie d’une musique profondément vécue, riche en résonances. Le «Stradivari Quartett» nous a invités à communier dans un voyage musical qui laissait briller les sons subtils et chaleureux de leurs quatre instruments créés par le célèbre Giacomo Antonio Stradivari."
Wen dee ganzen Artikel aus dem LW wëllt noliäsen kann de PDF méi déif ënnen opmaën!
Waat ha mër als Schoul lo mat dëm Stradivari-Quartett ze dun?
Abee, ënnert dër Leedung van dër Madame Päivi Kauffmann haat d'Klass aus dëm Cyle 4A d'Chance an de Genoss ze kommen fir Deeler aus dëm Owesprogramm van dëm Stradivari-Quartett därfen fir hir Kolleg/Innen aus dër Wëntger Schoul a Begleedung vam Stradivari-Quartett sou opzebereeden, dat dës Stécker aus dër klassischer Musik fir Grouss a Kleng verständlich a gräifbar goufen.
Op eng ganz pädagogisch a liäwig Art a Weis hat d'Madame Päiwi Kauffmann ët verstann dë Kanner aus dër Wëntger Schoul d'Musik van Haydn, Schubert a Chostakovitch méi nozebrengen an dës o an hiren geschichtlichen Hannergrond ze setzen.
Als Schoul woore mër frou, dat de "Klenge Maarnicher Festival" äis d'Chance giän hat aan dësem musikalischen Projet därfen Deel ze huällen.
An dat ët alle Bedeeligte vill Spaas gemaat hat, weisen sëcherlich déi folgend Photoën an de Video.
Klickt op den Titel vun dëser News, fir de Video ze kucken!

Stradivariquartett trëtt fir eis Kanner aus dër Schoul um Kiemel op
2013-03-13Am Kader van engem Projet, deen op Initiative vam "Klenge Maarnicher Festival" zu Stanne koum, trëtt muärren de renoméiërten "Stradivariquartett" fir d'Kanner aus eiser Schoul op.
We méi iwert dë Projet an sëch wëll wossen kann daat folgend PDF - Dokument opmaën!
Am Virfeld dën Organisatoren vam "Klenge Maarnicher Festival" een décke Merci, dat sie eis Kanner an de Genoss van dem Concert komme lossen, an soumat o engt Stéck Kultur an eis Schoul rabrengen.
Wen am Restprogramm vam Maarnichert Festival intresséiërt ass, kann o gären daat ënnestehend Dokument opmaën, wou dann all d'Concert'ën affichéiërt sën.