D'Musikschoul aus dëm Kanton Cliärrëf op Besuch an dër Schoul um Kiemel2022-05-10Den 3. an 10. Mee woor d'Musikschoul aus dëm Kanton Cliärrëf bei dë Cyclen 2 an 3 op Besuch fir d'Bloosinstrumenter virzestellen a fir bësse Reklamm an eegener Saach ze maën. No dër Presentatioun van denen eenzelnen Instrumenter han d'Musikanten de Kanner o flott, bekannt Melodiën virgespillt an han d'Kanner zum Matmaën animéiërt. D'Kanner an d'Léierpersonal haaten hire Spaass, goufen vill Neiës gewaar a mër wënschen dër Musikschoul an dë Musikveräiner, dat sie op dësem Wee dann nei Mëmbren kanne rekrutéiren. » Galerie |