Béicher fir eis Kanner vam Cycle 4.2., offréiërt vam Comité Auschwitz2023-07-02Den 2. Juli 2023 hat de Comité Auschwitz bei d'Denkmool op Fünfbrunnen invitéiert, fir do an der Presenz van dem Unterrichtsminister, dem Här Claude Meisch an dem Chamberspresident, dem Här Fernand Etgen, aan déi ronn 300 Judden ze erënneren, déi am 2. Weltkrich va Fünfbrunnen aus an d'Konzentratiounslageren deportéiert goufen. Am Anhang fannt dir als PDF de genaue Programm van dëse Feierlichkeeten. Direkt no der Commémoratiounsfeier gouf dann o na de neie "Parcours mémoriel" va Fünfbrunnen duerch d'Hären Meisch an Etgen ageweit, op dem intresséiert Schoulklassen ewer o all privat Visiteurs mat Panneauen an op virtuell Aart a Weis duerch d'Geschicht vam Klouster Fünfbrunnen am 2. Weltkrich gefouert giän. Fir eis Schoul an dem Kontext ervirzehiäwen ass d'Tatsaach, dat dë Comité Auschwitz, wéi all Joer, de Kanner aus dem Cycle 4.2. aus dë Schoulen va Wëntger an Elwen engt Bouch offréiërt, wou op kandgerecht Art a Weis op d'Grugelzichkeeten aus dem 2. Weltkrich hegewisen gëtt. Als Schoul soe mer dem Comité Auschwitz van dëser Platz aus Merci fir dësen Don, mat dem d'Erënnerung aan déi däischter Kapitelen aus eiser méi junker Mënschheetsgeschicht bei eise Kanner waakrig gehale gëtt, fir an Zukunft ähnlichen Grugelzichkeeten kannen virzebeugen. |