![]() | Schoulfest den 8. Juli 20122012-07-02Wéi all Joors lied d'Eltrevereenigung an Zesaamenaarbicht mam Léierpersonal all Kanner mat hiren Eltren op hirt Schoulfest an, daat dëst Joor Sonndes, den 8. Juli iwert d'Bühn geet. Niäwt engem flotte Rahmeprogramm mat Spiller an Ateliers'ën, stin o na Optrëtter va Kanner aus dëm Cycle 2 (15.00 Auer) an 4 um Programm.D'Jugendformatioun van dër Wëntger Musik spillt ab 13.00 Auer ee Concert. Um 14. Auer ass d'Cadeausiwerreechung fir eis Kanner aus dëm Cycle 4.2., déi dann o um 17.00 Auer fir ee "Gala-Mätch" géint d'Léierpersonal aantrëdden. Flott Ausstellungen va Projet'ën, déi am Loof vam lesten Trimester an de Cycle 3 a 4 entstann sën, kënnen de ganzen Daag besichtigt giän. A wéi all Joors fängt daat Ganzt natiirlich o rëm mat dër well traditioneller Kannermass aan, zu där dër all härlich um 10.45 Auër mat äre Kanner an de Centre culturel invitéiërt sët! A wann da jidfereen do gudd matgebiädd hat, da schenkt eiser Här äis dann o fläicht déi néidig Sonn, déi daat Ganzt dann zu engem richtige Fest wärt maën! |