Renaturéirung van dër Spillplatz beim Foussballsterrain2024-11-29Wärend 2 Samschdeger ware vill Kanner, hier Elteren, t ‘Portieren, den Änder mat senger Equipe, den Naturpark Our an t ‘Léierpersonal aus der Schoul um Kiemel aktiv. Zesummen hu mir gegruewen, gehummert, geschlaff, geschëppt, geplanzt, Sand verdeelt, Schubbkare gefëllt an nach villes méi. Dëst fir d’Wiss vun der Spillplaz nieft dem Fussballterrain méi naturno an insektefrëndlich ze gestalten. D’Resultat kann sech wierklech weise lossen. Mir soen alle fläissegen Hänn een décken MERCI a freeën eis op t’Fréijoer, wann dës schéi Plaz ageweit gëtt an dann genotzt ka ginn. Kuckt Eech hei gären t’Fotoen un. Den Naturgrupp aus der Schoul um Kiemel Wëntger » Galerie |