Theateropféirungen a Schéckiwerreechung am Cycle 12024-06-10D’Kanner aus dem Bloumegäertchen an der Villa Reebou vu Wëntger stoungen dëst Joer am Fréijoer op der grousser Bühn an hu ganz stolz hir zwee Theaterstécker opgefouert. D’Kanner aus dem Team vum Bloumegäertchen hunn am 2. Trimester verschidde Märercher entdeckt. Virun der Ouschtervakanz hu si d’Geschicht vum Wollef an der Welt vun der Märercher opgefouert. Queesch duerch d’Märercher huet de Wollef sich op d‘Sich vun den Zutaten fir di bescht Äppeltaart gemaach fir zesumme mat sengen neie Frënn engt Bëschfest ze feieren. D’Kanner aus der Villa Reebou hunn zesumme selwer eng flott Geschicht vum Kapitän Mullebutz erfonnt, deen op der Sich nom Reebou war. De Kapitän a séng Matrousen hunn op hirer Rees och allerlee Aventuren erliewt bis si dunn endlech de Schatz op der Insel Lanzarote fonnt hunn. Souwéi déi letzt Joren och, ass ët Traditioun, datt den Erléis un d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner geet. Dëst Joer sinn duerch déi 2 Theateropféierungen 2071 Euro gesammelt ginn. D’Fondatioun seet alle Bedeelegte een häerzleche Merci.
» Galerie |