Donneschdeg, 28. November 2024

Schoulsportdaag 2006

2006-04-03

Mam leste Schouldaag vam 2. Trimester, dem 7. Abrël 2006, gët o déi nächst Oplaag vam Schoulsportdaag bei äis an dër Schoul lancéiërt.
Eise schoulinternen Organisatiounscomité hat o dëst Joër rëm ee flotte Programm op d'Bee gestalt, wou niäwent fir eis Kanner méi bekannte Sportarten ewer o méi aussergewéinlich Saachen um Programm stin.
Beim Bouschéissen kënnen déi méi Kleng zum Beispill probéiren op së an d'Schwarzt treffen, während déi méi Grouss am Turnsall Erfahrungen op enger Kleeterwand kënne sammlen.

Well dë Kiärper jo ewer nët nëmmen durch Sport a Form gehaal gët, mee o déi richtig Ernährung hei eng wichtig Roll spillt, bleiwen all d'Kanner an dër Mëttestonn an dër Schoul, wou hinnen dann eng "gesond Sportlermoolzicht" an Zesaamenarbicht mat dër Eltrevereenigung zervéiert gët.
Alle Bedeeligte lo well vill Spaass bei dër neier Oplaag vam Schoulsportdaag!
A wee méi wëll iwert dësen Daag gewaar giän, kann an dër Vakanz jo mol bei äis "rasurfen" fir déi aktuellste Photoën kënnen ënnert d'Lupp ze huällen.