Donneschdeg, 28. November 2024

Entrevue mam Buergermeester a Saachen Busproblemer

2007-03-25

Wéinst rezente Problemer op verschidden Buslinnen hat eng Delegatioun vam Léierpersonal e Mondig, den 26.3. 07 eng Entrevue mat dë Responsable van dër Gemeng, fir ze diskutéiren, wéi een dës Problemer an dë Grëff ka kreien.

No dër Oustervakanz, den 23.4.07, hëlt dën Buergermeester o an eiser regulärer Personalversammlung Deel, wou d'Busproblemer o na eng Kéier thematiséiert wärte giän.

Bei dëser Versammlung wärt an dër Persoun vam Här Carlo Schmitz o ee Vertreter van dër Lëtzebuerger Policesektioun vertrodde sën, déi sich speziell ëm Gewalt- a Suchtpräventioun an dë Schoulen këmmert.

Soumat gräife mër eisem nächstjährige Schoulprojet "Gewaltpräventioun an dër Schoul" well bësse vir, fir lo well an dër waarmer Phase op déi rezent Virfäll ze réagéiren, déi um Wee fir an d'Schoul geschickt sën, a fir munnich berechtigt mee zum Deel o onberechtigt Opregung gesuärrigt han!