16. Generalversammlung van der Eltervereenigung Wëntger2006-11-26D'Eltereverenigung invitéiert op hir 16. Generalversammlung en Mëttwoch, den 13. Dezember 2006 ëm 20:00 Auer zu Wëntger am Centre Culturel. De Programm van dësem Owend gesäit esou aus : • Begréissung durch de Präsident • Rapport van den Aktivitéiten • Rapport van der Keess • Rapport van de Keesserevisoren • Deelweis Erneierung vam Komité • Fräi Aussproch • Scheckiwwerreechung / Don un " d'Haus Edith Stein van Eschweiler - Foyer pour femmes battues" Nom Réckbléck iwwert d'Joer 2005/2006 ass een interessante Virtrag iwwert « Lycée Technique ass keen schlechte Bildungswee. » « Och am Lycee Technique sin vill Weër fir mäi Kand op. » virgedroen van den Hären: Norbert Wolsfeld, Conseiller à l'apprentissage an Dan Schroeder, Chargé de mission van der Chambre des Métiers. Den Dan Schroeder schwätzt iwwert déi verschidden Méiglechkeeten, déi een am Handwierk huët, Gesellebréif, Meesterprüfung, Uni - Studium an sou weider. Den Norbert Wolsfeld schwätzt dann e wéineg aus dem Alldag "aus dem Nähkästchen". Zum Schluss invitéiert d'Eltereverenigung Iech op e Patt an e klenge Maufel. Wëllt Dir an der Eltereverenigung Wëntger Schoul matschaffen, dann kann een sech bis den 10. Dezember 2006 beim Trausch Maddy, Maison 100 L-9742 Boxer (Tél.: 97 80 52) melden oder beim Staff Misch um GSM 661 77 28 36. |