Faustlos2007-10-17Am Kader van engem Schoulprojet an de Klassen 1-3 han 12 Titulaires aus dem Ennergrad ee Samsdig, den 13.10. 2007 van 8 Auer bis 17 Auer bei enger Formatioun zum Thema Gewaltpräventioun matgemaat. D'Formatioun, déi vam Professor A. Stephan vam Gewaltpraeventiounszentrum Heidelberg aafgehaal gouf, ass baséiert op de Programm "Faustlos", ee Curriculum fir sozial-emotional Kompetenzen ze förderen fir sou der Gewalt virzebeugen. No engem theoretischen Deel an enger Pressekonferenz am Praebelli zu Woltz kruut all bedeeligt Schoulgebei eng Valis mam Arbichtsmaterial va "Faustlos" iwerreecht. Dono gouf da ganz praktisch a klenge Gruppen zu eenzelnen Unitéiten aus dem Curriculum geschafft; dëst mam Ziel fir all Bedeeligt optimal fir den Asatz vam Material an de Klassen virzebereeden. Mam Koffer ënner dem Aarm an neiën Iddiën am Kapp han dun all Bedeeligt den Heemwee owes um 5 Auer agetratt, fir demnächst daat Geléiert an de Klassen anzesetzen. Ee Merci dëm Paul Zenners fir d'Photoën, déi heen äis fir dës Säit zur Verfügung gestallt hat. |