#!image(Schoulsportdag2004/sport1.jpg):Schoulsportdaag 2005#!image(Schoulsportdag2004/sport1.jpg):2005-03-21Wéi iwerall am Land, gët o zu Wëntger een Donnesdig, den 24.3.05 rëm deen traditionelle Schoulsportdaag aafgehaal. Dobäi hat eisen dofir zoustännigen Organisatiounscomité keng Méi gescheit an hat ee ganz variéierten Programm fir déi eenzel Graaden op d'Bee gestalt! D'1. Schouljoër därf niäwent Schwammen a verschiddene Sportatelier'ën o na Karate mam Tessy Scholtes maën. D'2. Schouljoër geet niäwent verschiddenen Sportatelier'ën reiden. Dë Mëttelgraad geet sich an de Sunpark op Vielsalm austoben. D'5. Schouljoër wandert a gët an d'héich Konst vam "Golfen" ageweit, an d'6. Schouljoër mëcht eng flott Radtour. Losse mër lo just hoffen, dat eisen Unterrichtsministère o dëst Joër rëm gudd Wiädder mat ageplangt hat, fir dat all eis Kanner no dësem groussen Evenement o gesond an d'Oustervakanz kanne fahren. |