Entrevue mat Vertreter vam G.L.E.N.2008-12-09A Präsenz van eisem Inspekter dëm Här Patrick Mergen haaten eng Reih Léckt van eisem Léierpersonal den 8.12. 2008 eng Entrevue mat Vertreter vam G.L.E.N. (Groupe Luxembourgeois d'Education Nouvelle) An engem Austauschgespréich goufe mër hei van Sylvie Elcheroth, Véronique Lorang an Denis Scuto an d'Bild gesatt iwert d'Entwécklung, d'Zieler an d'Aktioune vam G.L.E.N. Säit 2004 mëcht sich dëse Grupp lo well Gedanken iwer nei Formen vam Schoulhaalen. Aus dër Bewegung vam G.L.E.N. raus hat sich dann o well "Eis Schoul" an ee "Réseau de rencontres et d'activités d'échange pédagogique" entwéckelt, déi lo allerdings zwou eegestännig a vam G.L.E.N. onaafhängig Gruppéirunge bilden. Wee méi doriwer wëllt wossen kann folgend PDF - Dokument opmaën oder sich ënner folgende Linken informéiren. An eiser gestriger Versammlung gouf lo well eng nächst, gréisser Entrevue mam G.L.E.N. a mat intresséierte Léierpersounen aus dem Secteur vam Här Mergen fir de 16. März 2009 zu Wëntger am Centre culturel geplangt. Méi genau Informatiounen gët ët fir d'Léckt aus dem secteur en temps utile. |