Freideg, 29. November 2024

Informatiounsversammlung vam GLEN zu Wëntger

2009-03-16

Den 16.3. 2009 haat de Groupe luxembourgeois d'éducation nouvelle (GLEN) op eng Infosversammlung op Wëntger invitéiert.
Nodems den Här Inspekter Patrick Mergen d'Membren vam GLEN an d'Léckt aus dem Secteur 17 an 18 begréisst hat, hat den Här Denis Scuto kurz d'Philosophie, d'Objektiver an d'Aktivitéiten vam GLEN ëmrass, fir dono an enger kurzer Démarche ze weisen, wéi een Léckt an enger Léiersituatioun durch eng "situation problème" kann an d'Nodenken kreiën.
Mat méiglichst oppene Froën, déi va méi enger schwéirer Ausgangsituatioun zu dem méi Liichte féiren, soll de Léirenden agereegt giän sich mat der Léiersituatioun auserneenzesetzen an de Geest opzemaën fir all méiglich Gedankegäng, déi am Rapport mat der Léiersituatioun stin.

Nodems dës "Démarche" aafgeschloss woor, hat de Grupp sich dunn na ausgetosch iwer daat waat erliäwt gouf, respektiv goufen na oppe Froën zum GLEN an zu "Eis Schoul" beäntwert.

Als Aafschloss gouf den Datum vam 5. Meefestgehaal fir eng "Démarche" zu Wëntger. Dës Démarche soll ënnert dem Thema "Mathematik" stoën.

Méi genau Infoën dozou en temps utile!