Sonndeg, 20. Abrëll 2025

8. Juli 2011: Schoulsportdaag a Schoulfest

2011-07-24

Den 8. Juli hat eis Schoul "Um Kiemel" hirt traditionellt Schoulfest gefeiërt. Am Verglach zu deene leste Jooren gouf ët ewer gläich zwou Ännerungen. D'Fest sollt nët wéi üblich Sonndes mee Fregdes gefeiërt giän. An Aafsprooch mat der Eltrevereenigung hat dë Grupp "Schoulsport- a Schoulfestdaag" dann na engt zweet Experiment gestart. An zwar sollt va moiës 8.00 bis mëttes 15.30 de Schoulsportdaag aafgehaal giän. Ab 15.30 Auër wooren dann all d'Eltren an d'Schoul invitéiërt giän, fir zesaame mat hire Kanner dën Aafschloss vam Schouljoor 2010-2011 ze feierën.
Vill Programm fir d'Kanner an o fir hir Eltren, göif ee mengen, mee d'Experiment sollt glécken.


No engem gudd organiséierten Schoulsportdaag sollten vill Elten sich dann o um 15.30 Auër an dër Schoul afannen fir bei dë Prestatioune van hire Kanner, déi am Amphitheater aafgehaal goufen, derbäi ze sën. No dën Optrëtter sollt dann na sou richtig bei guddem Wiädder bis an d'spöit Owesstonnen ra gefeiërt giän.

Der Eltrevereenigung, dën Eltren an de Kanner van dëser Platz aus een décke Merci fir hir Disponibilitéit an hirën Engagement op dësem ereignisräichen Daag.

Am Anhang fand dër dann o eng Reih Photoën vam Fest selwer. Vill Spaass beim Kucken!

Wen na intresséiërt ass méi iwert déi restlich Projetën aus dësem Schouljoor ze héiren, dee kann de Link "Schulentwicklung 2010-2011 opmaën: