De Projet Müll kënnt an d'Rullen2006-03-10Den 8. März haat d'Léierpersonal eng Informatiounsversammlung zum Thema Müll, wou den Här Arny Jacobs, Vertreter vam SIDEC, eng ganz interessant an détailléiert Aféirung an d'Thema "Müll" a "Müllvermeidung" gemaat hat. Mat deenen hei geliwwerten Informatiounen steet eisem Projet lo näischt méi am Wee. Dë Grupp, deen sich ëm dë Projet "Müll" këmmert hat dann o well een Iwerbléck iwert d'Aktivitéiten vam Rest vam Joër geliwwert. A wann all hir Visiounen fir eis Schoul kënnen an d'Praxis ëmgesatt giän, dann steet dëm aagestriäwte "Qualitéitsléibel van dër Superdréckskëst" o näischt méi am Wee. An dë Wiki-projets, sou wéi an dë "Webbooks", déi Dër ënner "Aktivitäten und Projekte" fand, probéire mër Eech an deene nächste Wochen a Méint um Loofenden ze haalen! Kuckt also heinsdo bei äis ran! |