![]() | Schoulcharta van der "Schoul um Kiemel" zu Wëntger2010-08-17Na kurz viraan der grousser Vakanz haat eise Schoulchartagrupp, den sich zesaamengesatt hat aus Mëmbren vam Léierpersonal a Mëmbren aus dem Eltrecomité, déi van hinnen ausgeschafften Charta an Zesaamenaarbicht mat de Kanner op eng flott a liäwig Art a Weis um Schoulfest virgestalt. (Fotoën dozou fand der na ënner eiser News zum Schoulfest) Fir de Schoulaafank ass d'Charta lo mat dër finanzieller Ënnertsëtzung van eiser Gemeng op Pabeiër gedréckt an all Kand wärt së am Verloof van deenen ischte Schoulwoche mat heem bei seng Eltre brengen. Wen ewer lo well bësse furwëtzig op daat neit Dokument ass, daat d'Zesaamenaarbicht tëscht Léiërpersonal, Kanner an Eltren méi kloor ëmräisst, de sollt mool daat folgend PDF-Dokument opmaën. Vill Spaass beim BLEEDEREN! ![]() |