GENERALVERSAMMLUNG van der ELTEREVEREENIGUNG am Bartheshaus zu Houffelt2007-10-22D'Eltereverenigung invitéiert op hir 17. Generalversammlung en Donnesdig,den 8. November 2007 um 20.00 Auer zu HOUFFELT AM BARTESHAUS. De Programm van dësem Owend gesäit esou aus : • Begréissung durch de Präsident • Rapport van den Aktivitéiten • Rapport van der Keess • Rapport van de Keesserevisoren • Deelweis Erneierung vam Komité • Fräi Aussproch • Scheckiwwerreechung / Don un "Ile aux Clowns" an "Spontan ADD" Nom Réckbléck iwwert d'Joer 2006/2007 ass een interessante Virtrag iwwert AD(H)S ass keng erfonten Moudekrankheet! 'SPONTAN ADD' gouf van Erwassenen gegrënt, déi selwer betraff sen. Sie wëllen dénen, déi van dëser Krankheet betraff sen hir Ennerstëtzung an Hellef ubidden. Zieler va "Spontan ADD": - Informéieren iwwer AD(H)S - Anerkennung van der Krankheet AD(H)S an eiser Gesellschaft - Méi Interesse béi den Dokteren, Psychologen an Therapeuten erreechen, fir eng secher Diagnos stellen ze kannen - Kontakt sichen zu aneren Selfhëllefgruppen am Ausland mat dem selwechten Ziel. Kontakt: B.P. 5 L- 8001 Strassen Infotel.: 26 25 95 95 mail: help@adhs.lu http://www.adhs.lu/spontan/index.php CCPL: LU50 1111 2157 4012 0000 Zum Schluss invitéiert d'Eltereverenigung Iech op e Patt an e klenge Maufel. |