Samschdeg, 19. Abrëll 2025

D'Béicherausstellung van der Eltrevereenigung ass op fir de Besuch

2007-10-10

Een Dasdig, den 9. Oktober hat d'Eltrevereenigung invitéiert op d'Vernissage van hirer well traditioneller Béicherausstellung. Leider wore nët vill Erwaassen hirem Oprouf nokomm!
Vam 10.10. bis den 12.10. han allerdings vill Schoulklassen d'Ausstellung beséicht an hoffentlich lackelen d'Kanner hir Eltren lo o op Wëntger an de Centre culturel, wou een Donnesdig, Fregdig, Samsdig a Sonndig o Béicherverkoof bedriwe gët!
De wegdere Programm van der Eltrevereenigung gesäit sou aus!

E Mëttwoch, den 10. Oktober ëm 19.30 Auer -am Barteshaus zu Houffelt


Eis Lëtzebuerger Sprooch wou kënnt se hier, wuer geet se hin ? Eng Konferenz mat Autorenliesung vum Josy Braun

GROUSS BICHERAUSSTELLUNG ZU WËNTGER
VAM 10. BIS DEN 14. OKTOBER 2007
MATT SONNDES 14. OKTOBER 2007:
SPILLSACHENOKKASIOUNSMAART AN KAFFISSTUFF!!!


Generalversammlung van der E.v.
den Donneschden 8. November 2007 am Centre culturel zu Wëntger

Détailer fand der o na op hirem Wiki!