Béicherausstellung 20052005-10-11A Präsenz va Membren aus dem neie Gemengeroot, enger gudder Partie Léierpersonal, Vertreter van dër Libo a Membren aus dëm Comité van dër Eltrevereenigung gouf een Dasdig dën Owend, den 11. 10. 05 d'Béicherausstellung 2005 opgemaat. Nodems, dat dë Präsident van dër Ev. an d'Madame Winkin als Vertreter van dër Gemeng paar Wuärt aan d'Léckt geriicht haaten, konnt jidfereen sich een Iwerbléck verschaafen iwer daat, waat am Moment van interessante Kannerbéicher um Maart ass. Ee Pättchen Éirewäin, offréiert van dër Wëntger Gemeng, hat d'Vernissagefeier aafgeschloss. An dene nächsten Deeg kënnen déi eenzel Schoulklassen dann an dër Ausstellung défiléiren, fir bëssen an dën ausgestalte Béicher zë stöberen. Van Mëttwochs bis Samsdes, jeweils van 14.00 - 16.00 Auer, kënnen d'Kanner dann mat hiren Eltren an dër Ausstellung passéiren fir sich daat engt oder annert Bouch zë koofen. O ee Sonndig, den 16.10. 05, wann gläichzäitig dë Spillsaachenokkasiounsmaart am Centre culturel fonktionnéiert, kann een na ee Bléck an déi ausgestallte Béicher werfen, respektiv kënnen o dann na Béicher kooft giän. Vill Spaass bei dër Visite van där interessanter Ausstellung! |