Sonndeg, 20. Abrëll 2025

3. Juli: Commémoratiounsfeiër beim Juddendenkmool zu Fünfbrunnen

2011-07-24

Den 3. Juli han Kanner aus dëm Cycle 4.2. mat hiren Titulaires aan dër Commémoratiounsfeiër vam "Comité Auschwitz" beim Juddendenkmool zu Fünfbrunen Deel geholt.

Am Virfeld van dër Commémoratiounsfeiër haat dë "Comité Auschwitz" wéi all Joors o d'Wëntger Schoul um "Kiemel" kontaktéiërt fir aan dër Feiër Deel ze huällen, wou all Joors dën Déportatiounsaffer gedaacht gët, déi va Fünfbrunnen aus a Konzentratiounslager verschleeft goufen.

Am Schluss van dër Zeremonie, iwer déi dër all d'Déteiler zur Feiër am PDF noliäse kënnt, kruuten d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. vam "Comité Auschwitz" Béicher iwerreecht, déi aan dëst däischtert Kapitel aus dër Mënschheetsgeschicht erënneren.