Freideg, 21. November 2025

News


Mër planzen ee Bësch am Kader va 50 Joer Schoul Wëntger

2025-11-20

Bei guddem Planzwiädder woor de Fiäschter Fränk Schmitz den 20.11. 2025 op Wëntger bei dën Opfänkbecken komm, fir do een Bësch am Kader va 50 Joer Schoul Wëntger ze planzen.

Fir d'éischt hat hen de Kanner erklärt wéi eng Planzen ët wooren, nämlich Ahorn, Buchen an Eeschen. D'Beemercher wooren 4 Joer aal.

Dë Feeschter hat gemengt: " Wann dër a 50 Joer rëm kucke kommt, wéi grouss mengt dër dat är Beemercher da sin?"

Du kruuten d'Kanner gewisen wéi een dë Beemchen an dë Buäddem planzt.

Dono gung d'Bullisschlacht mat vill Spaass lass

Hei ënnendrënner fand dër paar Photoën van dër Planzaktioun.

Enner folgendem Link fand dër all Infoën zu 50 Joer Schoul Wëntger: 50 Joer Schoul Wëntger








Generalversammlung van der Eltrevereenigung a "Meet and Greet"

2025-11-12

Fir all Intresséiërt ass de Bericht van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung a folgenden Dokumenter nozeliäsen.Sollten na Léckt do sën, déi d'Eltrevereenigung finanziell an moralisch wëllen ënnerstetzen, da kannen sie daat maën mam Koof van enger Mëmberskaart iwer dë PAYCONIQ , den dër hei derniäwent fand. D'Eltrevereenigung seet am Viraus MERCI!





Aftermovie: "Journée des Anciens"

2025-11-12

Ënner dësem Linkl kommt dër direkt op d'Säit, wou dër dë Link zum "Aftermovie" iwert d'Journée des ANCIENS zu 50 Joer Schoul Wëntger kannt oproufen.

Vill Spaass mam Film, den vam Tobias Andrejewski zesaamegeschnidden gouf an den ab dem 13.11. publik op eiser Säit ass!

AFTERMOVIE_JOURNEE DES ANCIENS_50 Joer Schoul Wëntger









Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot